fuusslee
asbl
Eng Braut ze vill
Eis lescht Produktioun war d'Stéck „Eng Braut ze vill“ aus der Fieder vun eisem President. Dëst Koméidistéck ass eng Adaptatioun fir den Fräiliichtspektakel 2010 a spillt am biergerlechen Milieu aus den siwenzeger Joren. Et beschreift eis kuerzlieweg Zäit - näischt vergeet méi séier wéi d’Zäit, an alles dat wat haut nach Zukunft ass , ass schonns muer Vergaangenheet. Wat eis haut gutt a richteg, ass vu mar un schonns net méi wichteg.
Den Leander Vandivinit, é pensionéierte Militär, spiert nees ee Kribbelen e puer Zantimeter ënnert dem Nuebel an setzt alles an säin Notaire a Beweegung fir eng nei Freiesch ze fannen. Dat fonctionnéiert eenzock a bei Gelégenheet vun sengem 60. Gebuertsdag, eng Feier op där net nëmmen d’Familll awer och de Kierchegesank an d’Duerfmusek op Besuch ass, trëtt déi éischt Kandidatin un. Awer just an deem Moment taucht eng fréier Léift vum Leander op a behaapt den Leander hätt him virun enger Zäit versprach et ze bestueden an besteet drop dass dat Verspriechen agehal gëtt. Well den Leander sech net kann entscheeden, kritt hien et och net méi einfach wéi nach eng drëtt Braut opdaucht. Hie wollt eng, an hie kritt der dräi zur Auswiel, dohier :“Eng Braut ze vill“.
Wien awer elo mengt ausser dem Leander géing kee matspillen, dee gëtt enges Besseren beléiert. Kënnt dir iech virstellen dass d’Geschwëster, d’Kanner an d’Kandskanner versammelt sinn, obschonns se Buttek ënnereneen hunn , fir gewuer ze ginn dass deen Aalen säin ganzt Verméigen drop mécht fir seng nei Frëndin. Dat muss Chaos an Zerklapps ginn. Wann dann och nach déi hallef Strooss Zeien ass vun deem Tohuwabohu feelt net vill bis dass deen een oder aneren vun den Personnagen ausflippt.
An där „flipp-fäeg“ Personnagen begéinen mir e ganze Koup. Do gëtt et een geckegen Schneider aus dem noen Grenzgebitt, do gëtt et een Noper deen Krämpes huet fir all dat wat hien denkt a mécht beieneen ze halen, een Eedem mat enger satirescher Oder an natierlech och een Paschtouer deen ëmmer nees un Wonner gleeft. Och ënnert den Dammen sinn e puer sensibel Charakteren vertrueden, wéi z.B. d’Schwëster Odile ,eng agebilten an neiräich Tootz, eng resolut Nopesch, e môersüchtegen Mannequin oder eng Schnauer déi lues a lues den Iwerbléck verléiert.


