Vakanz am Éisleck

Am August 2014 spillt den Ensembel vun der „A.s.b.l. Fuusslee“ e Koméidistéck, fir de Fräiliichttheater adaptéiert vum Claude Juchem

 

Als Viirlag dingt een aalt Berliner Bühnespill vum Oskar Blumenthal aus dem Joer 1896. Un deemselwechte Stéck huet sech de Komponist Ralph Benatzki inspiréiert fir seng weltberühmten Operett „Im weissen Rössl“ ze schreiwen. Wéi dës Operett am Joer 1930 zu Berlin virgestallt ginn ass, hat de Komponist all Trëmp beieneen fir eng Erfollegsproduktioun, déi sollt Joerzingten iwwerdaueren, nämlech herrlech skurril Personnagen, Texter voller Komik an eng Onmass beléifter Melodien.

„Im weissen Rössl“ emol ganz anescht, - modern, an op hautdesdaags getrimmt

Dass des Produktioun och ouni déi bekannte Melodien iwwerzeegend komesch ka sinn, wëlle mir an eisem Fräiliichttheater dëse Summer beweisen.


D’Spill op der Bühn hëlt deen sou heefeg gewënschten Massentourismus an engem Eisleker 4-Stärenhotel op d’Schëpp. Eng Rees-Agence bréngt kéipweis Gäscht an den Hotel “Kopplabunz“ fir eng kleng Vakanz ze maachen. Eng Abberzuel Leit ass mam Anchecken beschäftegt an et herrscht e bëssi Chaos, wann den Chef-Garçon an engem sec’en Toun alles an d’Rei bréngt. Just an Häerzenssaachen, do ass de Berni onberechenbar. Säin Häerz gehéiert senger Chefin. Säi Géigespiller a Favorit bei der Hotelchefin ass de Feenix Neiner (Felix Leiner), mat sengem Sproochfeeler gehäit, an awer landbekannten Affekot vun engem Escher Geschäftsmann, sou wéi mir Eisleker si gesinn: iwwerdriwwen haart, ëmmer de Mond opstoen an een onverbesserleche Besserwësser.

A priori onméiglech schéngt et dass de Felix an d’Tessy sech fannen. Awer si zwee iwwerwannen hire Sproochfeeler an et kënnt wéi meeschtens zu engem Happy End!

D’Laachmuskelen ginn awer och strapazéiert mat dem éiwege Sträit tëschen deenen zwee Staatsfournisseuren vu mobilen Heizungen. Allebéid menge se, si wieren nach um Geriicht, an net an der Vakanz! Ofwiesselnd mat der Madame Van Hackebells, déi seele roueg ass, bréngen déi zwee Hären eng Pointe no där anerer op d’Bühn. Lausbouwen däerfen bei esou enger Produktioun och net feelen, an d’Fuusslee huet därer véier fond.

Am Contraire zum Original, wou d‘Jovialitéit vum ale Keeser alles riicht béit, ass et bei der Fuusslee d’Léift vun zwee jonke Leit déi een Happy-End onëmgänglech mécht!

 

 

Home

Go to top