Print this page

Projet: Fräiliicht-Theater 2019 um Buurschter Schlass

 

Léif Memberen vun der A.s.b.l. Fuusslee,
léif Theaterfrënn alleguer,


Duerch d’Undaueren vun den Bauaarbechten um Buurschter Schlass goufe mir gezwongen eis Fräiliichttheater-Produktiounen um Schlass op onbestëmmten Zäit zréck ze setzen.


D’Aarbechten ginn awer lo hirem Enn zou, sou datt d’“Amis du Château de Bourscheid“ äis gréng Luucht ginn hunn, fir kënnen am August 2019, am renovéierte Kader vum „Stolzebuerger Haus“ en neit Theaterstéck op d’Fräiliichtbühn ze bréngen.  
Et handelt sech ëm en historischt Krimistéck, dat am Fréijoer 1684 um Buurschter Schlass spillt. Geschichtlichen Hannergrond: „Reuniounskrich“ tëschend Frankräich a Spuenien. Franséisch Truppen belageren d’Festung Lëtzebuerg an halen d’Hannerland besat, eng Buerg no där anerer fällt den Zaldoten an d’Hänn. Och Buurschent steet kuerz viirdrun…  


D’Handlung ass voller Spannung an Dramaturgie. D‘Stéck gouf fir d’Fuusslee a.s.b.l. vum lëtzebuerger Auteur Marco SCHANK geschriwwen, als Adaptatioun op säi Roman „Das Vermächtnis des Propheten“.  D’Regie iwwerhëlt d’Madame Lucie SCHNEIDER.
Mir sichen Acteuren a Statisten, Leit fir am Verwaltungsrot a  rondrëm ze hëllefen.


Sidd Dir interesséiert?  


Da kommt an eis Generalversammlung e Freideg, den 29. Juni um 19:00 Auer am Festsall zu Buurschent, 25, Groussgaass, wou Dir gären weider Informatioune kritt.


De Verwaltungsrot vun der A.s.b.l. Fuusslee

 

Home